Hey,
Du hues schon deng 19:))
Ech schreiwen aus der Schivakanz zu Unterjoch.
Ech si grad sou glecklech:
Sait 6 Deeg sinn ech mam Rachel zesummen a virun 9 Deeg gouf ech mat der Staffel Landesmeeschter.
Och wann ech vill un d'Laura denken muss, well hat mir emmer nokuckt a mir sou gudd mateneen eens ginn. Mam Denise schreiwen ech och rem bessen mei, vu que dass de Mike an ďKata schold sinn dass mir net mei sou vill schreiwen. Am Moment behellt ďMaiti sech eignermoossen normal zu mir, ech mengen hat ass glaich driwwer fort, och wann ech et (nach) net sinn.
De Julien behellt sech liicht noutgail, geet vill un ďMeedecher am ďMaiti huet hien gär.
De Felix an ech pushen eis all Training, hien ass e richteg gudsen Trainingspartner an hien ass mettlerweil seguer zimmlech gudd am Brasse ginn.
1:16 ass hien um Championnat geschwomm, een Joer mei al wei ech deemools mat menger meilleure performance.
Dei 2 Salamien sinn nach emmer weineg motiveirend, gemäss hierem Sproch 'Ech well heem'. Awer dofir huet hien emmer e Battle mam Julien um 50m an 100m Kraul.
An der Schoul sinn ech dest Trimester liicht ennert dem Duerchschnett vun der Klass, dat ass bessen enttäuschend.
Hei doheem ass et grad besser ginn. D'Chloe kraischt (bal) net mei an de Yannick huet sech bessen beroueg, och wann hien nach emmer eng Missgebuert, e Choleriker an ďschwaarzt Schof ass.
Trotzdeem sinn ech glecklech, och well ech lo een eignermoossen scheinen oder zumindest net mei hässlechen Jong sinn. A main Kierler gesait net mei sou schwaach aus wei soss. Hunn nach eng kleng Waarzel, mee dei ass lo bestemmt scho fort obschon ech bis lo nach naischt drop gemeet hunn.
Feier gudd!
Leif Greiss aus der Vergaangenheet,
Pedricolino
Sign in to FutureMe
or use your email address
Create an account
or use your email address
FutureMe uses cookies.
Learn how we use cookies to improve your experience by reviewing our Terms of Service
Share this FutureMe letter
Copy the link to your clipboard:
Or share directly via social media:
Why is this inappropriate?